Den 8. Februar huet dat neit chinesescht Joer – och nach Fréijoersfestival genannt – ugefaang.
An deem Kader hat d’Reesfirma Euro-Asie International Travel Agency an Zesummenaarbecht mat der chinesescher Botschaft, dem chinesesche Kulturministère, der Munnerefer Gemeng, dem CASINO 2OOO an der Handelskummer China-Lux op e festlechen Owend an de Chapito vum Casino 2000 invitéiert. Vill Eieregäscht, dorënner de chineseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg a vill Vertrieder aus der Regierung an der Chamber, kruten zesumme mat enge 400 Leit e phantastesche 7-Gang-Menü an eng Bühneshow mat chineseschen Top-Artiste gebueden.
Mehr von RTL.lu >>